Kollektiv Resilienz

Kollektiv Resilienz

Donnerstag, 09 Juni 2022 ECHTERNACH

Programm

Table Ronde

 

KOLLEKTIV RESILIENZ

Zesumme liewen mat an no der Kris

Am Kader vun der Themerei RESET

 

No zwee Joer Pandemie stellt sech d‘Fro, wat tëscht Hygienemesuren a Restriktiounen mat eis passéiert ass, wéi et eis elo geet, awer och, wat mir eis fir eis Zukunft wënschen. Mir mussen erem léieren, Kontakt zu eise Famillen, Frënn a Matmënschen opzebauen, a gläichzäiteg mat de Konsequenze vun der Pandemie ëmgoen. 

 

D’Situatioun huet Tracë bei ville vun eis hannerlooss. Dëst besonnesch bei de Jonken an eelere Leit, déi am meeschten ënnert de strenge Mesuren an der Isolatioun gelidden hunn. 

 

Bei dëser Table Ronde geet et drëm, de Stand vum Bien-être an eiser Gesellschaft an d’kollektiv Resilienz a schwéieren Zäiten ze erfuerschen.

 

De Begrëff Resilienz (vum lat. resiliere ofprallen, zerécksprangen) beschreift d’Widderstandsfäegkeet vun engem Individuum oder an dësem Fall engem Kollektiv, dat sech trotz ongënschtege Liewensëmstänn a kritesche Liewensereegnesser positiv entwéckelt a Krisen erfollegräich meeschtere kann. Néierlagen, Onglécker a Schicksalsschléi kënnen duerch d’Resilienz besser ausgehalen a bewältegt ginn. Et kann een an dësem Sënn och vu Belaaschtbarkeet an ënnerlecher Stäerkt schwätzen.

 

Intervenanten

Dr. Martine Hoffmann, Responsable geroRESEARCH, GERO – Kompetenzzenter fir den Alter 

Mr. Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

Mme. Nathalie Keipes, Directrice, CePAS – Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires

Dr. François D'Onghia, D’Ligue – Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale

 

RESET

D’Themerei RESET setzt sech mat der Gestaltung vum Liewen an Zesummeliewen an eiser Gesellschaft elo an no COVID-19 auserneen. Mir proposéieren an der Themerei Evenementer zu Sujeten, déi während der Pandemie akut diskutéiert goufen, notamment mental Gesondheet, nohaltegt Liewen a kollektiv Resilienz. De Programm entfaalt sech an der Period tëscht dem 09. März bis de 14. Juni 2022. 

 

DAUER: 90 Min.

 

Entrée gratis! Umeldung obligatoresch.

Allgemeine Informationen

Standort

TRIFOLION Echternach
Porte St. Willlibrord | L-6486 ECHTERNACH


Kontakt Veranstalter

Tickets

http://tickets.luxembourg-ticket.lu/32696

Diese Webseite verwendet Cookies zum Zwecke der Optimierung des Angebots und der Personalisierung von Inhalten. Indem Sie auf der Seite weitersurfen, stimmen Sie der Verwendung dieser Cookies zu. ICH STIMME ZU Weitere Infos