Ramborn Cider Haff Besuch

Ramborn Cider Haff Besuch

Sonntag, 28 Mai 2023 Bis Sonntag, 31 Dezember 2023 14:00:00 BORN

Programm

Erleben Sie den natürlichen Geschmack von Ramborn

Besicht eise Ciderhaff zu Bur fir méi iwwer d’Produktioun vum Cider an iwwer d’Äppel zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn, fir eis Cideren an Jusën ze schmaachen an eis traditionell Bongerten mat méi wéi 100 Äppelzorten ze entdecken.


Eng guidéiert Visitt dauert 90 Minutten a kascht 18€ pro Persoun wärend de regulären Ouvertureszäiten*. D’Visitt ëmfaasst e klengen Abléck an d’Geschicht, e kuerze Film, eng Besichtegung vum Keller an de Produktiounsanlagen mat den néidegen Erklärungen. Dës Visitt ass fir all Altersgruppen gëeegent. Um Schluss vun der Visitt kritt dir eng Rei alkoholesch an/oder net-alkoholesch Produkter ze schmaachen.


Privat Féierungen fir méi grouss Gruppen (méi wéi 6 Leit) sinn op Ufro och moies an owes méiglech ; schéckt wgl eng E-Mail op info@ramborn.com fir eng Offer ze kréien.


Muppe si wëllkomm.

Allgemeine Informationen

Standort

Ramborn Ciderhaff
23, Duerfstrooss | L-6660 BORN


Preis