Sunday, 05 December 2021 ECHTERNACH
Wie kennt net d’Geschicht vum jonken Zauberer mam ronne Brëll an der wäisser Eil, dee ganz Generatiounen aus der Kellechholzstrooss zu London mat op d’Zaubererschoul vun Hogwarts geholl huet? Rieds ass vum Harry Potter, enger vun de bekanntste Figuren aus der Kanner- a Jugendliteratur.
Den Harry Potter an den Alchimistesteen ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun der Schrëftstellerin J.K. Rowling hirem Welt-Bestseller. An Zesummenaarbecht mat der Iwwersetzerin Florence Berg huet d’Kairos Edition déi zwee éischt Bänn op Lëtzebuergesch publizéiert (den zweeten ënnert dem Titel Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall) an elo och d’Lauschterbuch vum éischte Band erausbruecht, virgelies vum Schauspiller Steve Karier.
Fir dës ganz magesch Welt erkléngen ze loossen an de Public mat op d’Rees vun den Hexen an Zauberer ze huelen, liest de Steve Karier aus dem Harry Potter an den Alchimistesteen. Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.
De Steve Karier ass e Lëtzebuerger Schauspiller a Spriecher. Hien ass a villen europäesche Länner grad esou wéi an Amerika, Asien an Afrika op der Bün an a Filmer opgetratt. Hien huet Honnerte vun Héierspiller a Lauschterbicher opgeholl. Zu Lëtzebuerg ass hien ënnert anerem wéinst senger Opnam vum Michel Rodange sengem Reenert bekannt.
Déi kleng Hexen an Zauberer kënne gären verkleet an den TRIFOLION kommen!
Dauer:
60 Min. ouni Paus
TRIFOLION Echternach
Porte St. Willlibrord | L-6486 ECHTERNACH
Prix unique : 10 €
Tickets
« The mullerthal trail is one oft he most beautiful nature hikes i have ever seen and scenic views from mountains and cliffs to streams and waterfalls »
« A tale or myth awaits on every trail »
„Walked now three different routes and all were even amazing. The sceneries are magnificent and the caves and forests are terrific. Great walk for the experienced but also nice adventure paths for the young one“
our partners
Regional Tourist Office Mullerthal Region – Luxembourg’s Little Switzerland
B.P. 152
L-6402 Echternach
Grand Duchy of Luxembourg
T. +352 72 04 57-1
F. +352 72 75 24
E.
Regional Tourist Office Mullerthal Region – Luxembourg’s Little Switzerland
B.P. 152
L-6402 Echternach
Grand Duchy of Luxembourg
T. +352 72 04 57-1
F. +352 72 75 24
E.
© 2022 Office Régional du Tourisme Région Mullerthal
Conception & design e-connect, powered by Quilium
Regional Tourist Office Mullerthal Region – Luxembourg’s Little Switzerland
B.P. 152
L-6402 Echternach
Grand Duchy of Luxembourg
T. +352 72 04 57-1
F. +352 72 75 24
E.
Regional Tourist Office Mullerthal Region – Luxembourg’s Little Switzerland
B.P. 152
L-6402 Echternach
Grand Duchy of Luxembourg
T. +352 72 04 57-1
F. +352 72 75 24
E.