5. Brückenfest

5. Brückenfest

Friday, 27 May 2022 ECHTERNACH

Programme

5. Brückenfest

Picknick mit den Nachbarn!

27. Mai 2022 | Grenzbrücke | ab 15 Uhr 


No engem gelongene Bréckefest 2019 an enger Paus vun zwee Joer wéinst der Pandemie, organiséieren mir déi 5. Editioun vun dësem Noperschaftsfest tëscht Iechternach an Iechternacherbréck.


De Stadtmarketing Iechternach an de Vereinsgemeinschaft E-Brück, lueden Iech häerzlechst an, den 27. Mee vun 15 Auer un op déi aal Bréck ze kommen.


Genau sou wéi 2019, einfach Picknick mat Iessen a Gedrénks matbréngen (Teller, Besteck an Becher awer net vergiessen), a scho gëtt och des 5. Editioun e weideren Erfolleg. Grill, Gedrénksstand souwéi Dëscher a Bänken sti bereet.


Den musikaleschen Encadrement gëtt vun der Iechternacher Museksschoul assuréiert an koordinéiert an et geet vun Klassik iwwert Rock, Pop, Jazz an Folklore. Nieft den verschiddenen Ensembelen aus der Iechternacher Museksschoul trieden och Formatiounen aus Däitschland, Éisträich, Estland an Azerbaijan op déi vir eng Kollaboratioun mat der Association des écoles de musique (AEM) am Kader vun engem Projet mat Esch2022 op Lëtzebuerg kommen.


Mir géifen eis freeën wann dir mat ären Noperen är kulinaresch Traditiounen kéint deelen. Mir garantéieren Iech och dat dir dëst Joer dréchen op der Bréck feieren kénnt.

General information

Location

Echternach
Place du Marché | L-6401 ECHTERNACH


Event contact

Tickets

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info