Thursday, 09 June 2022 ECHTERNACH
Table Ronde
KOLLEKTIV RESILIENZ
Zesumme liewen mat an no der Kris
Am Kader vun der Themerei RESET
No zwee Joer Pandemie stellt sech d‘Fro, wat tëscht Hygienemesuren a Restriktiounen mat eis passéiert ass, wéi et eis elo geet, awer och, wat mir eis fir eis Zukunft wënschen. Mir mussen erem léieren, Kontakt zu eise Famillen, Frënn a Matmënschen opzebauen, a gläichzäiteg mat de Konsequenze vun der Pandemie ëmgoen.
D’Situatioun huet Tracë bei ville vun eis hannerlooss. Dëst besonnesch bei de Jonken an eelere Leit, déi am meeschten ënnert de strenge Mesuren an der Isolatioun gelidden hunn.
Bei dëser Table Ronde geet et drëm, de Stand vum Bien-être an eiser Gesellschaft an d’kollektiv Resilienz a schwéieren Zäiten ze erfuerschen.
De Begrëff Resilienz (vum lat. resiliere ofprallen, zerécksprangen) beschreift d’Widderstandsfäegkeet vun engem Individuum oder an dësem Fall engem Kollektiv, dat sech trotz ongënschtege Liewensëmstänn a kritesche Liewensereegnesser positiv entwéckelt a Krisen erfollegräich meeschtere kann. Néierlagen, Onglécker a Schicksalsschléi kënnen duerch d’Resilienz besser ausgehalen a bewältegt ginn. Et kann een an dësem Sënn och vu Belaaschtbarkeet an ënnerlecher Stäerkt schwätzen.
Intervenanten
Dr. Martine Hoffmann, Responsable geroRESEARCH, GERO – Kompetenzzenter fir den Alter
Mr. Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
Mme. Nathalie Keipes, Directrice, CePAS – Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires
Dr. François D'Onghia, D’Ligue – Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale
RESET
D’Themerei RESET setzt sech mat der Gestaltung vum Liewen an Zesummeliewen an eiser Gesellschaft elo an no COVID-19 auserneen. Mir proposéieren an der Themerei Evenementer zu Sujeten, déi während der Pandemie akut diskutéiert goufen, notamment mental Gesondheet, nohaltegt Liewen a kollektiv Resilienz. De Programm entfaalt sech an der Period tëscht dem 09. März bis de 14. Juni 2022.
DAUER: 90 Min.
Entrée gratis! Umeldung obligatoresch.
TRIFOLION Echternach
Porte St. Willlibrord | L-6486 ECHTERNACH
Tickets
« The mullerthal trail is one oft he most beautiful nature hikes i have ever seen and scenic views from mountains and cliffs to streams and waterfalls »
« A tale or myth awaits on every trail »
„Walked now three different routes and all were even amazing. The sceneries are magnificent and the caves and forests are terrific. Great walk for the experienced but also nice adventure paths for the young one“
our partners
Regional Tourist Office Mullerthal Region – Luxembourg’s Little Switzerland
B.P. 152
L-6402 Echternach
Grand Duchy of Luxembourg
T. +352 72 04 57-1
F. +352 72 75 24
E.
Regional Tourist Office Mullerthal Region – Luxembourg’s Little Switzerland
B.P. 152
L-6402 Echternach
Grand Duchy of Luxembourg
T. +352 72 04 57-1
F. +352 72 75 24
E.
© 2022 Office Régional du Tourisme Région Mullerthal
Conception & design e-connect, powered by Quilium
Regional Tourist Office Mullerthal Region – Luxembourg’s Little Switzerland
B.P. 152
L-6402 Echternach
Grand Duchy of Luxembourg
T. +352 72 04 57-1
F. +352 72 75 24
E.
Regional Tourist Office Mullerthal Region – Luxembourg’s Little Switzerland
B.P. 152
L-6402 Echternach
Grand Duchy of Luxembourg
T. +352 72 04 57-1
F. +352 72 75 24
E.