Héngerhaut-Geschichten

Héngerhaut-Geschichten

Sunday, 30 October 2022 ECHTERNACH

Programme

E musikalesche Geschichteprogramm fir sech e bëssen ze schudderen.

Vun a mam Betsy Dentzer a Louisa Marxen


Fir d’éischt spiert een et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder, éier et säi Wee bis an d’Genéck an hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Aërm erof. Et gëtt dir mol kal, mol waarm dobäi. De Bauch zitt sech e bëssi fäerteresch zesummen, an awer ginn déng Ouere grouß op… well et ass jo awer och immens flott, sech esou richteg gutt ze schudderen, gell?


Ee Grujel- a Gespenstergeschichteprogramm, ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer a musikalesch vergrujelt vum Louisa Marxen.

 

Konzept: Betsy Dentzer, zesumme mam Louisa Marxen

Erzielung: Betsy Dentzer

Perkussioun: Louisa Marxen



Eng Produktioun vu Kopla Bunz a.s.b.l. a Koproduktioun mam Trifolion Echternach, Kulturhaus Niederanven, N.N. 

General information

Location

TRIFOLION Echternach
Porte St. Willlibrord | L-6486 ECHTERNACH


Price

Ew /kind : 15 €


Event contact

Tickets

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info