“En ass et!”

“En ass et!”

Thursday, 08 December 2022 ECHTERNACH

Programme

“En ass et!”

Live Sketching Session mam Dr. Michel Summer

 

Mam Saz „En ass et!“ huet de Staater Gemengerot Lucien Koenig, och „Siggy vu Lëtzebuerg“ genannt, de Jang de Blannen 1946 identifizéiert, wéi dësem säi Graf kuerz viru senger Réckféierung op Lëtzebuerg, opgemaach gouf.

 

Esou wéi de Lucien Koenig hu mir all méi oder wéineger konkret Virstellungen am Kapp, wéi een historesche Personnage soll ausgesinn hunn. Mee wou kommen déi Virstellungen eigentlech hier? An ass dat Bild dat mir vum Sigfried, Jang de Blannen oder och dem Willibrord am Kapp hunn och tatsächlech historesch korrekt? An enger Live-Sketching Session, zesumme mam promovéierten Mëttelalterhistoriker a Cartoonist Michel Summer, kritt de Public d‘Méiglechkeet ee Bild vun eisen Nationalhelden no senge Virstellungen zeechnen ze loossen a bei der uschléissender Visite zesumme mam Curateur vun der Ausstellung dëst Bild kritesch ze hannerfroen.


Freier Eintritt / Ticket erforderlich /Fäien Entree/ Ticket erfuerderlech

General information

Location

TRIFOLION Echternach
Porte St. Willlibrord | L-6486 ECHTERNACH


Event contact

Tickets

http://tickets.luxembourg-ticket.lu/33791

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info