Cabaret Batter Séiss

Cabaret Batter Séiss

Saturday, 12 October 2019 20:00 ECHTERNACH

Het programma

Wann een d‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi klengen Décisioune wëllt verstoen an novollzéien, da kennt een noutgedrongen ëmmer nees zum selwechte Schluss. Et geet bal ëmmer just nëmmen ëm dat eent, an dat ass de Fric. Vill Décisiounen si Gëft fir de Fridden, fir d’ Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. Egal?! Wann herno d ‘Kees stëmmt, ass dann alles an der Rei? Oder vläicht awer net?

Et gëtt zwar behaapt, datt de Fric net géif glécklech maachen, mee et beroueg awer immens, wann een es huet. Am ëffentlechen an am private Liewen ass dat méi wéi wouer. An hirem neie Programm 2018/19 mécht sech de Cabaret Batter Séiss, wann der wëllt och zesumme mat iech, Gedanken zu dem Thema Fric, an dofir heescht hiren neie Programm: Et geet ëm de Fric!

Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Thematik. Et ass dem Ensembel säin 10. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Liette Wilgé, zesumme mat den Acteuren Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’ Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner.
Mam: Rob Wagner, Liette Wiltgé, Vicky Wagner, Gérard Heinen
 

Algemene informatie

Ligging

2 Porte St. Willlibrord | L-6486 ECHTERNACH


Tarief

Categorie A : 20.00 €
Categorie A étudiants et jeunes de<27 ans : 12.00 €


Contact voor dit evenement

T. + 352 26 72 39 1


http://tickets.luxembourg-ticket.lu/27074

Tickets Gekoppelde evenementen

http://tickets.luxembourg-ticket.lu/27074

Het evenement op de kaart

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info