Nuit du sport
Nuit du sport
D'Gemenge Fiels, Noumer a Fëschbech sou wéi och d'lokal Sportsveräiner invitéieren Iech häerzlech op déi drëtt Editioun vun der Nuit du Sport
Dat ganzt fënnt den 14. Juni vun 18 - 23 Auer an der Sportshal Filano an der Fiels statt
Um Programm sti Sportaarte, wéi Basketball, Fussball, Spadséieren, Vëlo, Taekwondo, Obstacle race
Den Highlight vum Owend ass de Football Freestyler Lylian Altmayer, deen Iech mat senge spektakuläre Moves verzauberen wäert
.
Fir z'iessen an ze drénken ass och gesuergt!
.
Maach mat a probéier aus!