Wann?

Bësch am Krich - Krich am Bësch

Wo? 4, Melick, L-6472 Kanton Echternach

Bësch am Krich - Krich am Bësch

BËSCH AM KRICH - KRICH AM BËSCH 2025

SAMSDEG, DE 5. JULI 2025


„Erelchen“ beim Mélickshaff | Signaléierung Parking ab der Sortie N11, rte de Lux. (vis a vis CGDIS) 09:00–16:00 Auer Fräien Entrée – ouni Umeldung


E Samsdeg, de 5. Juli 2025, invitéieren d’Stad Iechternach an hir Partner op

d’ëffentlech Veranstaltung „Bësch am Krich – Krich am Bësch“. Laanscht engem signaléierte Bëschwee am Gebitt „ERELCHEN“, beim Mélickshaff, erliewen d’Visiteure verschidde Statiounen, déi sech mat de Follege vum Zweete Weltkrich op d’Natur, d’Ëmwelt an d’Gesellschaft auserneesetzen. D’Veranstaltung weist op beandrockend Aart a Weis, wéi staark d’Bëscher duerch Kämpf a Krichshandlungen zerstéiert goufen – a wéi ekologesch, historesch a politesch Narben nach haut siichtbar sinn.


STATIOUNEN

1. Spueren vum Krich am Bësch

2. Crossing River Sauer: Déi entscheedend Attack vun den Amerikaner iwwert d’Sauer

3. Den Alldag vun der Zivilpopulatioun wärend der Besatzung

.

4. Granaten a Sprengstoff: Wat een haut nach fënnt

5. Zerstéierung a Rekonstruktioun vun der Stad Iechternach

6. Historesch Gefierer vum II. Weltkrich an Iwwerreschter vun Infanteriestellungen

.

7. De Bunker oder d’Verstopp vun de Refraktären am Bësch « Lëtzert »

8. D’Monument vum Flieger, deen den 10. Mee 1940 um « Mélick » rofgefall ass.

9. Zousätzlech Ausstellungen iwwer Ausrüstungen a Materialien


Stad Iechternach, Natur- a Bëschverwaltung – Arrondissement Centre-Est, Lëtzebuerger Arméi, Nationalmusée fir Militärgeschicht zu Dikrech, CEBA, Studiegrupp zur Ardennenschlacht, Sektioun Iechternach vun de Zwangsrekrutéierten – Affer vum Nationalsozialismus, Quadriga, Veräi vun de Sammler vu Militärgefierer.

Veranstaltungsort

Adresse: "Erelchen" beim Mélickshaff
4, Melick
L-6472 Kanton Echternach
Auf Karte anzeigen

MULLERTHAL, UNESCO GLOBAL GEOPARK

MULLERTHAL, UNESCO GLOBAL GEOPARK
Mehr erfahren
© Pancake! Photographie

Echternacher Springprozession

Weltberühmt ist Echternach für seine Springprozession
Mehr erfahren
© Mike Zenari

Echterlive

Echterlive
Mehr erfahren

SCHWANENSEE

SCHWANENSEE
Mehr erfahren

Santa Claus - Das Musical

Santa Claus - Das Musical
Mehr erfahren
© SIT Aerenzdallgemeng

Stroossenmaart Lëtzebuerger Produkter Medernach

Stroossenmaart Lëtzebuerger Produkter Medernach
Mehr erfahren

Gruseliges Klettern an Halloween in der Jugendherberge Echternach

Gruseliges Klettern an Halloween in der Jugendherberge Echternach
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.