Wann? Freitag 24.04.202620:00 Uhr

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Wo? 2, Porte St. Willlibrord, L-6486 Echternach Theater, Film & Shows

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

(Dieser Text ist nicht auf Deutsch verfügbar.)


All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d’Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat hat, datt och Blanner an d’Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen…


Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?


Fir Iech vun där penibeler Aarbecht z’erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies. am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir aarm a räich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.


.


Et spillen: Frédérique Colling a Jacques Schiltz

Text an Inzenéierung entwéckelt a Kollaboratioun mam: Claire Wagener a Maurice Sinner

Bün a Kostüm: Michèle Tonteling

Luucht: Marc Thein

Persoun mat Anung: Antoine Lazzari

Produktiounsleedung: Jill Christophe

Preisinformation
ab1,50€
Ticket buchen
ab1,50€
©Gilles Seyler
Die nächsten Termine
Freitag 24.04.202620:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: TRIFOLION Echternach
2, Porte St. Willlibrord
L-6486 Echternach
Auf Karte anzeigen
©echo.lu

Santa Claus - Das Musical

Santa Claus - Das Musical
Mehr erfahren
©Entertainment GmbH

Samuel Sibilski - Reicht langsam!

Samuel Sibilski weckt die dunkelsten Humorseiten
Mehr erfahren
©Lynn Theisen

Daniel Moutinho

Maintenant, c'est drôle !
Mehr erfahren
©N.A.

Conni - Das Musical!

Die Mitmach-Musicalproduktion! Live auf Tour!
Mehr erfahren
©echo.lu

MUSICAL MAGICS - Musicals Nonstop

MUSICAL MAGICS - Musicals Nonstop
Mehr erfahren
©Dietrich Dettmann

Achtsam morden

Kriminalkomödie nach dem Bestseller von Karsten Dusse
Mehr erfahren
©A. Salgueiro

D’Mina an d’Stärefra

E Musekthetaer fir kléng Entdecker
Mehr erfahren
©Baobab Luxembourg s.à.r.l. / crime.lu

Die Nacht des Krimis

Tatort Trifolion – Dunkle Gassen. Kühle Ermittler. Kaltes Blut.
Mehr erfahren
©Jonathan Christoph

La Voix humaine

Ein Telefon klingelt. Eine Geschichte entfaltet sich.
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.