Péngstkiermes
Péngstkiermes
22.–26.05.2026 | PÉNGSTKIERMES
Kiermesplaz „A Kack“
.
Vum 22. bis de 26. Mee 2026 ass et nees esou wäit: D’Gemeng Iechternach invitéiert, zesumme mat de Kiermesleit op flott a geselleg Deeg op der Kiermesplaz „A Kack“.
.
Grouss Ouverture de 22.05.2026 um 19.00 Auer
D’Kiermes gëtt feierlech ageweit mat Éierewäin, Ham an Kiermeskuch– eng schéi Geleeënheet fir zesummen unzestoussen an d’Kiermes anzelauden.
Wärend e puer Deeg erwaart Iech e flotte Programm mat Attraktioune fir Grouss a Kleng. Ob spannend Fahrgeschäfter, Spillstänn oder gemittlech Momenter mat Frënn a Famill – hei kënnt jidderee op seng Käschten.
Och fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt, esou datt engem gesellegen Openthalt näischt am Wee steet.
Kommt laanscht a genéisst d’Kiermeszäit mat eis!