Kabaret Sténkdéier
Et gëtt héich Zäit
(Ce texte n'est pas disponible en français.)
Eise schéine bloe Planéit brennt. D’Temperature klammen nach méi séier wéi de Mieresspigel. Déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken?
A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen? „Et geet héich Zäit“ ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert, batterbéis a sécher net neutral. Wien sech iwwer d’Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdeem nach laache wëll, ass hei genee richteg. Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo geet et héich Zäit!
(Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet: Trump dem Papp, Putin dem Jong a Xi Jinping dem hellege Geescht.)
.
Et spillen: Conny Braquet, Lieke Engel, Joëlle Muller, René Engel, Luc Schumacher
Texter: Roland Meyer
Musek: Camille Nanquette
Regie: Joe Heintzen
.