Televiewanderung Aerenzdallgemeng
Bunker- & Grottenwanderung
Den Syndicat d'Initiative et de Tourisme Aerenzdallgemeng an Zesummenaarbecht mam Musée National d'Histoire Militaire Diekirch organiséieren eng Bunker- & Grottenwanderung
Sonndeg 17. Januar 2027, Départ 09:00 zu Eppelduerf beim Pompjeesbau - 13,50 KM
Ennerwee ginn et Erklärungen bei den Bunkeren a Grotten, an et gëtt eng Zopp a Gedrénks zerwéiert.
Startgeld mat Zopp, inklusiv e Gedrénks : 25,00 euro Ouni Zopp 10,00 euro; béides ass am Viraus ze bezuelen op de Konto vum SIT Aerenzdallgemeng, LU28 0019 3755 8169 6000 mam Vermierk “Téléviewanderung 2027” an der Unzuel vun de Persounen. Umeldungen bis 7. Januar 2027