YANNCHEN HOFFMANN & CARLO HARTMANN
Some Sing Stupid
Zanter 35 Joer maachen déi zwee renomméiertst Lëtzebuerger Gesang- an Theaterkënschtler Yannchen Hoffmann & Carlo Hartmann d’ Bünen uechter de Grand-Duché onsécher.
.
Wéi gewinnt bidden déi zwee Artisten ee Programm voll Laachen a Kräischen, woubäi se dëst Kéier speziell op follgend Critère Wäert geluecht hunn: Entweder ass den Text, oder d’Iwwersetzung, d‘Musek oder de Witz vun hinnen zwee….
.
“Mee dat ka mer jo lëschteg ginn !“, wäert Dir Iech denken …. abee Dir kéint nawell Recht hunn ! D’Liewen ass ze kuerz fir dribséileg Owender ze verbréngen oder beim aktuellen Televisiouns-Programm ze verknusperen….